Eise Fräizäitclub feiert 10 Joër

De Club gouf am Joer 2011 vu 5 Réiserbänner Kollege gegrënnt. Den Zweck war et schonn deemools verschidden Evenementer fir grouss a kleng, jonk an al ze organiséieren an dobäi all d’Awunner aus eiser Gemeng zesummen ze bréngen.

Mir siche stänneg Nowuess a jiddereen ass wëllkomm fir eng Hand mat unzepaken, fir datt eis Manifestatiounen an eiser Gemeng a flotter Erënnerung bleiwen.

Bas du interesséiert an hues mindestens 15 Joer, bass motivéiert fir an denger Fräizäit an enger flotter Equipe matzewierken, da mell dech bei eis.

Dir fannt eis och op dëse Plazen

Aus aktuelle Grënn hu mir leider missen all eis Evenementer ofsoen.

Mir hoffen iech alleguer geschwënn GESOND A MONTER erëm ze gesinn!

Evenementer wou mir mat Erfolleg organiséiert hunn

Buergbrennen Réiser

2012 – 2019 zu Réiser op verschiddene Plazen

Seefekëschterennen – 3 Editiounen

2017 – 2019 zu Krautem an der rue des Sacrifiés

Waasserfussball – 2 Editiounen

2015 an 2016 zu Krautem um Herchesfeld

Theater – 1 Editioun

2015 zu Réiser an der Salle Blouet

Halloweenparty

2017-2018 – Halloweenparty fir di aktiv Memberen déi am Veräin dat ganzt Joer gehollef hunn.

Mir organiséieren net nëmmen, eis Memberen maachen och mat bei aneren Evenementer

CGDIS 1. Nationalen Dag vun de Rettungsdéngschter

2018 zu Réiser – Stand mat Iessen a Gedrénks

CISRO Nuetsrallye

2018 zu Réiser am Kader vun der 100 Joer-Feier – 2 Equippen

Hierschtfest An Hueff

2016-2017 zu Krautem – Stand mat Gedrénks

Kiirmes Lampech

2015-2017 – Seelzéien 1 Equippe – Hattrick 1. Plaz

2018 – Bodykicken – 1. Plaz

Vandivinit

2016-2019 – Buszéien 1 Equippe

2019 2. Plaz

En Dag am Bësch

2018 zu Krautem

Konscht- an Hobbymaart

2014-2016 zu Réiser – Buvette

Ironman 70.3 Luxembourg Région Moselle

2019 zu Réimech – Hëllef mat enger Equippe vu 4 Leit

The Open End’s an der Presse an um Radio

ELDORADIO

27.06.2019 am Kader vum Seefekëschterennen

Event of the Week am Event Navigator

RTL

22.06.2019 am Kader vum Seefekëschterennen

Tageblatt

18.05.2018 an 18.06.2018 am Kader vum Seefekëschterennen

Eldoradio

31.05.2018 am Kader vum Seefekëschterennen

RTL

30.05.2018 am Kader vum Seefekëschterennen

04.06.2018 Reportage vum Seefekëschterennen 2018

Hutt dir Froen zu eisen Evenementer, wëllt dir Member oder Sponsor ginn? Dann mëllt iech bei eis.